Skip to main content

ouvrir menu

Close

  • INTRO

  • JOB DESCRIPTION

  • CONTESTS

  • TESTIMONIAL

  • CONTACT

  • VIDEO
  • INTRO
  • JOB DESCRIPTION
  • CONTEST
  • TESTIMONIAL
  • CONTACT
 

SKILLS
UNITED

WEIS WAT S DE KANNS!

SKILLS U N I T E D

 
 

Skills United – déi nei Inititativ vu Worldskills Luxembourg, fir jonk berufflech Nowuesstalenter, Coachen a Partner ze sichen an ze rekrutéieren. Skills United gesäit sech als Sprangbriet fir an déi berufflech Talentschmëdd vum 21. Joerhonnert ze kommen. Dobäi soll et méi si wéi just eng Exzellenz-Initiativ, déi vu Worldskills Luxembourg zesumme mat all den Acteuren aus der Beruffsausbildung organiséiert gëtt. Et geet net drëm de Beschten ze ginn, mä et geet drëm ze léieren, fir nach besser ze ginn.
weiderliesen...

LU FR

GËFF DEEL VUM TEAM

ALIMENTATION
AUTOMOBILE & ENGINS
BÂTIMENT & TRAVAUX PUBLICS
COMMUNICATION & NUMÉRIQUE
INDUSTRIE
SERVICE
VÉGÉTAL
NOUVEAU SKILL?
 
EFFACER LE FILTRE
filtresX
BOUCHERIE
BOULANGERIE
CUISINE
PÂTISSERIE-CONFISERIE
SERVICE EN SALLE
CYCLE ET MOTOCYCLE
MAINTENANCE DES MATÉRIELS
MÉCANIQUE DE VÉHICULES INDUSTRIELS
PEINTURE AUTOMOBILE
MECATRONICIEN D'AUTOS ET DE MOTOS
TÔLERIE / CARROSSERIE
COUVREUR
ÉBÉNISTERIE
ÉLECTRICIEN
MAÇON
MENUISIER-EBENISTE
TAILLE DE PIERRE
AMÉNAGEMENT URBAIN ET RÉSEAUX DE CANALISATIONS
CHAUFFAGE SANITAIRE
MÉTALLERIE
CARRELEUR
CHARPENTIER
PEINTRE DÉCORATEUR
CONSTRUCTION BÉTON ARMÉ
PLÂTRERIE ET CONSTRUCTIONS SÈCHES
SOLIER
VITRIER
Entrepreneurship / Business Development Team Challenge
ADMINISTRATION DES SYTÈMES ET DES RÉSEAUX INFORMATIQUES
ARTS GRAPHIQUES ET PRÉ-PRESSE
CÂBLAGE DES RÉSEAUX TRÈS HAUT DÉBIT
IMPRIMERIE
WEB DESIGN
CHAUDRONNERIE
MAINTENANCE AÉRONAUTIQUE
ELECTRONICIEN EN ENERGIE
MÉCANICIEN INDUSTRIEL ET DE MAINTENANCE
TOURNAGE
SOUDAGE
DAO / DESSIN INDUSTRIEL
FRAISAGE
ROBOTIQUE MOBILE
ROBOTIQUE INDUSTRIELLE
RÉFRIGÉRATION TECHNIQUE
PRODUCTION INDUSTRIELLE (EN ÉQUIPE)
SOINS ESTHÉTIQUES
RÉCEPTIONNISTE D’HÔTELLERIE
MODE ET CRÉATION
MÉTIERS DE LA PROPRETÉ
SOIN MEDICO-SOCIAL
BIJOUTERIE / JOAILLERIE
COIFFEUR
FORESTERIE
FLEURISTE
HORTICULTURE
JARDINIER / PAYSAGISTE
Confirméiert Concoursen  
  Potentiell Concoursen: mell dech!

SKILLS U N I T E D

SKILLS U N I T E D

WorldSkills Luxembourg a.s.b.l.

Bâtiment ADEM Esch-Belval
1, Porte de France
L-4360 Esch-sur-Alzette

Téléphone: +352 621 690 601
contact@worldskills.lu
Bureau: de 08h00 à 12h00

Partner:

Skills United – déi nei Inititativ vu Worldskills Luxembourg, fir jonk berufflech Nowuesstalenter, Coachen a Partner ze sichen an ze rekrutéieren. Skills United gesäit sech als Sprangbriet fir an déi berufflech Talentschmëdd vum 21. Joerhonnert ze kommen. Dobäi soll et méi si wéi just eng Exzellenz-Initiativ, déi vu Worldskills Luxembourg zesumme mat all den Acteuren aus der Beruffsausbildung organiséiert gëtt. Et geet net drëm de Beschten ze ginn, mä et geet drëm ze léieren, fir nach besser ze ginn.

Beruffsmeeschterschaften hunn am Ausland eng laang Traditioun an och Lëtzebuerg huet mat de Luxskills en nationale Pendant, deen 2020 seng 10. Editioun feiere wäert. An der Lëtzebuerger Beruffsausbildung stécht e grousst Potenzial; dëst ass souwuel de Vertrieder vun der Educatioun, dem Travail an och de jeeweilege Chambre bewosst. Mä donieft huet sech eis edukativ Landschaft esou weiderentwéckelt a spezialiséiert, datt mir a sämtleche Régimmer qualiféiert jonk Leit ausbilden; op dëst am Beräich vum IT ass, dem STEM oder nach anere wichtege Beruffsfelder. Worldskills Luxembourg wëll iwwer dës nei Campagne Talenter fannen, fir si ze trainéieren an ze fërderen:

  • Gefërdert fir nobaussen ze weisen, datt Lëtzebuerg sech net brauch virum Ausland ze verstoppen;
  • Gefërdert fir innerhalb vum Land ze weisen, datt d’Edukatioun, am Speziellen d’Beruffsausbildung, e méi héije Standing verdéngt wéi se heefeg huet;
  • Gefërdert fir och de Jonke selwer ze weisen, datt si vill Talenter hunn. Si solle selwer nach méi u sech gleewen.

Skills United wëll an enger éischter Phas méi eng grouss Visibilitéit an eng méi grouss intern Competitioun op den nationale Luxskills-Meeschterschaften ervirbréngen. Déi bestoend Concourse solle méi kompetitiv ginn an nei Beruffsconcourse sollen dobäi kommen. Heivir siche mir jonk motivéiert Talenter, déi sech dësem Challenge stelle wëllen. Du wëlls weisen, wat an dir stécht? Du wëlls dee Beschten an dengem Beruff ginn? Da mell dech a stell dech dem Challenge!

Nieft de Kandidate ginn awer och erfueren a motivéiert Coache gesicht, déi dës Réidiamante weider schläife sollen: Dir sidd drun interesséiert äert Wësse weiderzeginn? Waart vläicht selwer mol Kandidat oder Kandidatin? Dir sicht den Challenge an enger Equipp zesummenzeschaffen? Da gitt Coach!

Déi 3. Instanz ouni déi et sécherlech net geet, sinn d’Partner. Skills United probéiert e grousst a gutt fonnctionnéierend Netzwierk tëscht Nowuesstalenter, Traineren a Partner opzebauen. Partner sinn Institutiounen, déi den Talenter resp. Coachen déi méiglech Ressourcë gi fir ze trainéieren a fir besser ze ginn. Partner kënne Schoulen a Betriber sinn; ob kleng oder grouss. Gitt Partner! Gitt en Deel vu Skills United. Schielt déi bescht Talenter a Coachen eraus a kritt de Label vu Skills United; dëse soll an Zukunft fir Exzellenz an der Beruffswelt stoen.

Aus de Gewënner vun den nationale Meeschterschafte bilt sech duerno d’Team Luxembourg eraus. Dës Equipp wäert zesummen trainéieren, sech hei am Land weiderentwéckelen, iwwer Concoursen an der Groussregioun an dem noen Ausland Erfahrunge sammelen, fir dee gréissten Challenge vun den Euroskills a Worldskills ustriewen ze kënnen.

LU FR

SKILLS UNITED a été développée afin de recruter de nouveaux talents, coaches et partenaires. WorldSkills Luxembourg et ses partenaires de la formation professionnelle, cherchent l’excellence du travail, mais pas seulement. Il ne s’agit pas de devenir le meilleur, il s’agit de pouvoir s’améliorer et progresser.

Les concours des métiers et professions ont une longue tradition à l’étranger. Le Luxembourg n’y a pas échappé et fêtera la 10ème édition des concours nationaux « LuxSkills », en 2020.

La formation professionnelle au Luxembourg dispose d’un potentiel considérable et les représentants de l’Education nationale, tout comme les Chambres professionnelles en sont conscients. Dans un monde, où l’éducation est en constante évolution, il est primordial de former des jeunes gens qualifiés que ce soit dans le domaine de l’IT ou de l’STEM ou dans n’importe quel autre domaine professionnel.

WorldSkills Luxembourg, à travers sa campagne Skills United, est à la quête de ces talents afin de les entraîner et de les promouvoir :

  • Afin de démontrer que les talents luxembourgeois sont capables de se mesurer aux candidats à l’étranger

  • Afin de souligner que la formation professionnelle est beaucoup plus exigeante que sa réputation et qu’elle mérite d’être valorisée

  • Afin de conforter les jeunes à croire en leurs talents et à développer leurs talents pour en tirer le meilleur

Dans une première phase, Skills United désire attirer plus d’attention sur les concours nationaux, avec l’idée de rendre les concours encore plus compétitifs en y intégrant de nouveaux métiers/professions et donc également plus de candidats, prêts à accepter ce défit. Tu veux faire preuve de tes compétences ? Tu veux devenir le meilleur dans ton métier ou dans ta profession ? Alors, n’hésite-pas et accepte le challenge !

Qui dit plus de candidats en compétition, dit plus de coaches pour garantir un encadrement optimal. C’est dans cet esprit que la campagne vise à trouver des personnes du milieu scolaire ou professionnel, voire même des anciens candidats qui sont prêts à relever ce défi.
Vous voulez transmettre votre savoir-faire ? Peut-être étiez-vous déjà candidat dans une de nos compétitions ? Vous aimez le challenge de travailler en équipe ? Alors, devenez coach !

Enfin, aucun concours sans partenaires pour mettre à disposition les ressources nécessaires dans les différents domaines, que ce soit pour les coaches, les jeunes talents ou l’association elle-même. Par partenaires on entend tant les écoles que les entreprises de grande ou de petite taille.
La campagne vise également à améliorer davantage son réseau entre les jeunes talents, les coaches et les partenaires.
Devenez partenaire et faite partie de l’équipe Skills United ! Faites surgir les meilleurs coaches et candidats et obtenez le « label Skills United » qui a pour vocation future, de devenir un label d’excellence dans le monde professionnel.

Les candidats sortants des concours nationaux seront entraînés au niveau national et ils auront l’occasion de suivre des formations dans la Grande Région ainsi que dans les pays limitrophes. Ensemble ils évolueront et représenteront le Luxembourg en tant que « Team Luxembourg » durant les compétitions EuroSkills, voire WorldSkills.

LU FR

Coach

Coach ginn

Wat muss du erfëlle fir Coach ze ginn?

  • Du hues Beruffserfahrung a wëlls däi Wëssen mat jonken Nowuesstalenter deelen.
  • Du bass aus der Beruffswelt oder der Educatioun.
  • Du wëlls regelméisseg mat Kandidaten trainéieren a si fir Concourse virbereeden.
  • Du wëlls de Concours an dengem Beruff mat opbauen, ausschaffen an Deel vum Jury sinn.
  • Du wëlls an dengem Beruff mat anere Coachen a Kontakt kommen an eng Equipp bilden.
  • Falls et an dengem Beruff nach keng Coache gëtt, da mell dech fir dëse Concours mat opzebauen.
  • Du wëlls déi bescht Talenter aus dengem Beruff op internationale Concourse begleeden a coachen.
LU FR

DEVENIR

COACH

Quelles sont les conditions pour devenir coach ?

  • Tu as de l’expérience professionnelle et du veux partager tes connaissances avec des jeunes talents ?
  • Tu travailles dans le monde professionnel ou dans le monde scolaire ?
  • Tu veux que ta profession soit représentée et tu veux faire partie du jury
  • Tu veux entrer en contact avec d’autres coaches et faire partie d’une équipe ?
  • Tu es prêt à assurer des entraînements réguliers afin de préparer les jeunes talents aux concours ?
  • Tu es prêt à accompagner les jeunes talents de ta profession, à des concours internationaux ?
LU FR

Partner

Kandidat ginn

Wat muss du erfëlle fir Partner ze ginn?

  • Partner si Betriber oder Schoulen, déi Kandidaten an/oder Coache stellen.
  • Als Partner wëll ee säi Beruffsbild nobausse méi visibel maachen.
  • Als Partner mécht ee Promotiounsaarbecht fir sai Betrib/seng Schoul, seng Formatioun a seng Qualitéitsuspréch.
  • Partner ginn de Coachen an/oder Kandidaten déi néideg Méiglechkeete fir Training a Concoursen.
  • Partner kënnen och selwer Training bei sech organiséieren.
  • Als Partner gëtt een Deel vun engem nationalen an internationale Reseau fir Kontakter ze knäppen.
  • Partner profitéiere vun dem Qualitéitssprong, dee Kandidaten a Coachen duerch hiren Training an den nationalen an internationalen Austausch kréien.
  • Partner, déi Coachen a Kandidaten ofstellen, kréien den nationale Label vu Skills United, dee sënnbildlech fir Talentfërderung steet.
LU FR

DEVENIR

PARTENAIRE

Quelles sont les conditions pour devenir partenaire ?

  • Par partenaire, on entend les entreprises ou les institutions scolaires, qui sont prêts à inscrire des candidats et/ou des coaches
  • Vous voulez présenter votre profession
  • Vous désirez promouvoir votre société, votre établissement scolaire, votre formation et l’excellence du travail que vous y apportez
  • Vous permettez à vos candidats/experts de participer aux entraînements et aux concours
  • Vous organisez éventuellement de l’entraînement dans vos locaux
  • En tant que partenaire, vous avez la possibilité de profiter d’un réseau de contacts national et international
  • Chaque partenaire peut profiter de l’expérience, acquise par son candidat/coach durant les concours nationaux, voire internationaux
  • Les partenaires, qui mettent à disposition des candidats et/ou coaches, obtiendront le « label Skills United » qui a pour vocation future, de devenir un label d’excellence dans le monde professionnel
LU FR

Kandidat

Kandidat ginn

Wat muss du erfëlle fir Kandidatin oder Kandidat ze ginn?

  • Du dierfs fir déi national Meeschterschaften net méi al wéi 21 Joer sinn.
  • Du muss entweder zu Lëtzebuerg schaffen oder am Lëtzebuerger Schoulsystem sinn.
  • Du dierfs net schonn eng Kéier Kandidat bei Luxskills gewiescht sinn.
  • Du kanns aus den ënnerschiddlechste Schoulsystemer (Beruffsausbildung/ Enseignement Secondaire Classique oder Generale) kommen.
LU FR

DEVENIR

CANDIDAT

Quelles sont les conditions pour devenir candidat ?

  • Tu ne dois pas dépasser l’âge de 21 ans, l’année du concours
  • Tu dois travailler au Luxembourg, ou tu dois être inscris dans le système scolaire luxembourgeois
  • Tu n’as pas encore été candidat aux concours nationaux LuxSkills
  • Quel que soit le système scolaire, la formation professionnelle, l’enseignement secondaire classique ou générale, tu peux t’inscrire
LU FR
Design by Adaptivethemes.com